Accueil
Beruffer
Multikulti
Afrikanesch Musek
[Nouvelle Page Web]
 
Beruffer

 

 

Thema Beruffer an der Spillschoul
 

Mir hunn allgemeng di verschidde Beruffer kennegeléiert a méi speziell de Bréifdréieschberuff.

 

chauffeur
Thema Beruffer an der Spillschoul

 

 

 

.

Den 20.Februar war en intressanten Dag :


De Buschauffeur Fernand , dee mir jo gutt kennen, well hien eis all Mëttwoch an de Bësch féiert, huet eis vu sengem Beruff gezielt an op eis vill Froen geäntwort. 

 

 

 

Interview
Sekretärin
Sekretärin

Mir sinn  d'Sekretärin vun eiser Schoul, Maggy, an de Bureau besiche gang an och hatt wosst eis Interessantes ze zielen iwwert sai Beruff.

interview

j

 

Kach
Kach

Den Dag drop si mir an d’Kichen vun der Maison Relais de Kach Jens besiche gang. Hien huet eis dat grousst Dëppen , d’Riesepan , grouss Frigoen a Freezeren gewisen. Di ongekachte Spaghetti waren awer dat Bescht!

Interview
Bréifdréier
Bréifdréier

Donneschtes hate mir alt nees eng schéin Iwerraschung! De Bréifdréier aus „dem Sand“ ass perséinlech de Kanner  e wonnerschéine Bréif  brenge komm. De Lunti !?huet eis dee geschriwwen a schéi bemolt . Mir hu gemengt , et kéint nëmmen den Ouschterhues sinn , zumols wou hien eis och nach eng Iwwerraschung (Ouschterbiller)an d’Schoul verstoppt huet.

Interview
am Bësch

Mir gi jo all Mëttwochs moies an de Bësch a wi mir vum Thema Post geschwat hunn, hu mir dann och selwer Bréifdréier am Bësch gespillt.

Mir sinn an zwou Gruppen agedeelt ginn, di éischt huet mam José Bréifer mat Aufgaben fir all Kand préparéiert an di 2. Grupp sollt da mi spéit mam Suzette Graf d'Bréiwer siche goen.

Déi éischt Grupp ass also fir t'éischt fort gang an huet fleisseg Feiler a Bréiwer mat Kraid gemolt oder mat Aescht geluecht .D'Bréiwer sinn op Beem opgehang ginn an di 2. Grupp huet et immens flott fonnt fir de Wee nozegoen, all d'Bréiwer ze fannen an d'Aufgaben (z.B. e Lidd vum Bësch sangen oder e Bild op de Buedem ze molen ) ze erfëllen.

Dat Schéinst awer war, wi di 1. Grupp sech ganz zum Schluss am Chalet verstoppt haten an di 2. Grupp si fonnt huet!

Um Wee bei de Bus sot den Alessandro: dat war mega cool!

an ...d'Revanche ass direkt fir een aneren Mëttwoch geplangt ginn. 

 

am Bësch
Gäertner
Gäertner op Besuch

Dem Carine seng Klass an eis hu vill iwwert d'Post an de Bréifdréier geléiert, mé dem Michèle seng Klass an dem Martine a Monique hir hunn di selwecht Zeit vun dem Gärtnerberuff geschwat .

Mir sinn dann och op den 1. Stakk bei déi aner Spillschoulsklass dat flott Lidd vum Pak aus Mexiko sange gang an di selwecht Klass ass enges Dags bei eis eis iwwerrasche komm , hunn eis Planzen gewisen an eis interessant Saache beibruecht, di si scho geléiert haten .

 

 

Eng nei Planz ziichten
Chicon
E Kär planzen
Wéi al ass de Bam?
Klass Martine/Monique
d'Ashni an d'indescht Fest
d'Ashni an d'indescht Fest

 

Mir hu scho mi lang geplangt, d'Ashni a seng nei Klass op Bouneweg besichen ze goen. D'Ashni war t'lescht Joer bis d'Fuesent bei eis an der Klass an ass dunn an d'Stat geplënnert.

Ir hatt fort gang ass, hate mir nach e ganz schéint Fest zesummen : en indescht Fest!Jo,dem Ashni seng Elteren sinn Inder. Well dem Ashni seng Mamm och gär a gutt kacht , hu mir eppes leckeres, typesch Indesches ze schmaache kritt.Mir hunn um Buedem a mat de Fanger giess wi richteg Inder. Dono hu mir mam Ashni a mat senger Mamm zesummen indesch Dänz gemaach a wann een d'Ashni a sengem schéinen Gezei op di friem Musek su wonnerbar danze gesinn huet, war ee ganz verzaubert a konnt een sech richtech an dat Land ewechdreemen.

 

 

   

Fotoen indescht Fest
zu Bouneweg an der Spillschoul
an der Spillschoul zu Bouneweg

Di 9 Paiperlécken (di Grouss aus eiser Klass) si mam Camille op Bouneweg gefuer!

Mir kucken eis d'Haiser um Wee bei d'Spillschoul un a gesinn d'Ennnerscheeder zu eisen Nidderaanwener Haiser.

Och d'Schoul gesait ganz anescht aus an den Haff huet net su vill Spillméiglechkeeten wi eisen.

An der Klass vun der Joffer Elsy freen d'Kanner sech op eise Besuch. Mir léieren d'Nimm kennen a sangen eis géigesaiteg flott Lidder  vir.

Wat en Zoufall : di 2 Klassen haten d'Thema Fräschen a mir kennen dofir e gemeinsamt Lidd.

Mir iessen zesummen a lues a lues kréie mer ëmmer méi Kontakt mateneen. D'Joffer Elsy ofréiert eis och nach Lassi ze schmaachen, dat ass en indescht Gedrénks. Si huet et mat Yoghurt, Mango a Waasser selwer gemaach.

An der Paus am Haff kann een di Nidderaanwener Kanner net méi vun deenen Bouneweger ënnerscheeden.

Si spille gutt mateneen a méi wi een huet e neie Kolleg fonnt.D'Cathy an d'Nora ginn der Joffer dann nach e Bild fir hir Klass als klenge Merci .

An der Joffer Elsy hirer Klass ass een eenzecht Lëtzebuerger Kand, di Nidderaanwener Kanner hunn haut  mat Kanner vu villen aneren Natiounen zesumme gespillt . 

 

Multikulti

Kontakt mat anere Kulturen an der Spillschoul

Accueil

Eis Spillschoulsklass vum Schouljor 2006-2007

Klass José/Suzette - 1. an 2. Joer

Mir sinn eng lëschteg Equipe  an hu vill flott Aktivitéiten dest Schouljor zesumme gehat .

Hei kënnt der e ganz klengen Abléck  kréien.

 

Afrikanesch Musek

D'Précoce-Klassen hunn d'Themaen Afrika, respektiv Musek di lescht Zeit gehat.

Dowéinst hu si dann och e Grupp vun 8 afrikanesche Leit (aus Nigeria, Liberia a Ghana) vun der ASTI komme gelooss, fir vun hinnen Rythmen aus Afrika kennenzeléieren.

Mir haten d'Chance och däerfen matzeman.

Fir t'éischt hunn e puer Kanner op eisen afrikaneschen Trommelen an op hiren Djembeen  getrommelt,am Rythmus mat de Musikanten an dono ofwiesselnd am Rythmus mat hinnen. Dat war guer net su einfach!

Dono hu mir op hir matreissend Musek gedanzt. Am Ufank war et villen e besche friem, mé lues a lues si mir ëmmer méi vun der afrikanescher Ambiance gepakt ginn.

D'Précoce Klassen hunn de Musikanten  als Merci schéi Biller geschenkt, mir hunn hinnen eist Afrika-Lidd (vum Concert Amizero)virgesongen.

 

[Nouvelle Page Web]
Accueil
Beruffer
chauffeur
Sekretärin
Kach
Bréifdréier
am Bësch
Gäertner
Multikulti
d'Ashni an d'indescht Fest
Fotoen indescht Fest
zu Bouneweg an der Spillschoul
Afrikanesch Musek
[Nouvelle Page Web]
Popularity: 548



Powered by mySchool!